D'PREPARATIOUNE FIR D'WM LAFE WEIDER
12 June 2020
A 14 Méint ass fir d'2. Kéier d'Weltmeeschterschaft am Indiaca zu Lëtzebuerg. Och wärend der aktueller Pandemie ass weider virbereet ginn. E Schwéierpunkt léit bei der Finanzéierung vum Budget, wat aus de bekannte Grënn momentan net einfach ass.
Mee kéng Angscht, d'Weltmeeschterschaft gëtt awer wéi geplangt duerchgezunn ;)
Wëll nach ëmmer hell Käpp a wëlleg Hänn gesicht gi fir ze organiséieren, wiere mir frou iwwert déi eng oder aner Hëllef - natierlech och, wann een e Partner géif fannen.
Mellt iech dofir mat enger Mail ob der Adress wm2021-oc@indiaca.lu