Throwback


23 August 2020

Haut viru genee zwielef Joer huet den Indiaca zu Lëtzebuerg säi gréissten Erfolleg gefeiert. Den 23. August 2008, huet d'lëtzebuerger Hären-Nationalequipe d'Finall 2-0 (25-18, 25-23) géint Däitschland gewonnen. D'Dammen-Equipe, souwéi d'ü40 Mixte-Equipe hu sech an der Finall mat 2-0 geschloe gi missen an hu Selwer gewonnen. Gespillt gouf deemools vum 20. August un zu Ettelbréck an der Sportshal "Frankie Hansen".

D'nächst Joer fënnt vum 3. bis de 7. August 2021 d'Indiaca-Weltmeeschterschaft rëm zu Lëtzebuerg statt. Hei wäerte sechs lëtzebuerger Equippen (Open: Dammen, Mixte, Hären - Senior (ü40): Dammen, Mixte, Hären) an der Coque em Gold kämpfen. Ob eis Equipe den Erfolleg vu 2008 widderhuele kennen, gesinn mir am nächste Summer.