A 4 MÉINT FLÉIEN D'BÄLL AN DER COQUE

Indiaca WM 2021 Lëtzebuerg Logo



05 April 2022

Den 3. August 2022 - also an exakt 4 Méint - stinn déi 1. Matcher vun der Weltmeeschterschaft am Indiaca am Gymnase vun der Coque um Kierchbierg um Programm. Bekanntlech hat d'Lëtzebuerger Federatioun d'WM d'lëscht Joer missen no Ofsprooch mat der IIA wéinst der Pandemie verleeën.
Et sinn dat déi 6. Weltmeeschterschaften an et ass fir déi 2. Kéier, dass se zu Lëtzebuerg stinn.
Aktuell lafen d'Virbereedungen, déi laang ob Äis louchen, ob Héichtouren. Ab elo wäert Dir reegelméisseg Informatiounen hei fannen.
E Wuert nach zur Denominatioun: WM 2021 oder dann elo WM 2022? Mir hunn eis fir d'Léisung vum Internationalen Olympesche Kommitee IOC entscheet, deen och d'Olympesch Spiller hat missen em 1 Joer vun 2020 ob 2021 verréckelen. Et si laut IOC weiderhin d'Spiller vun 2020 bliwwen, se si just ... 2021 ausgedroe ginn.
Mir maachen et och esou.
Wann iergendeen Remarken oder Ideen huet (oder sech als Benevolle mëlle well) kann dat iwwer Email wm2021-oc[at]indiaca.lu maachen.