Annulatioun vu der Indiaca WM 2021


18 January 2021

Dir Dammen,
Dir Hären,


No Récksprooch mam Weltverband am Indiaca IIA a virum Hannergrond vun der aktueller Pandemie musse mir Iech matdeelen, dass d'Weltmeeschterschaft am Indiaca, déi am August vun dësem Joer hätt sollen an der Coque um Kierchbierg gespillt ginn, op 2022 verluecht muss ginn.

Mir soen Iech Merci fir all Ënnerstëtzung, déi mir an de lëschte Méint krut hunn. Mir hoffen eis kënnen am Laaf vum Joer, spätestens awwer am drëtten Trimester ze melle fir iwwert d'Oplag vun 2022 ze schwätzen, an dann natirlech och op déi verschidden gegenseiteg Engagementer zrèck ze kommen vun denen mir natirlech hoffen dat déi ebenfalls applikabel bleiwen fir d'Oplag 2022.

An der Annexe ass den offizielle Communiqué vun der Internationaler Indiaca Assoziatioun IIA.

cancellation world championship 2021.pdf