D'Bettenduerfer Ü40 Mixte ass Gruppenéichten


30 July 2019

D'Bettenduerfer Senioren kënnen an der Mixte iwerzeegen an gewannen béid Gruppenmatcher. No engem gudden Match huet sech Bettenduerf mat 2-1 géint den ampteiernden Worldcup-Gewënner (Ü40 Mixte) FS Amperland München duerchgesaat. Direkt dono missten sie géint Rapla aus Estland utrieden wou sie sech och mat 2-0 duerchsetzen konnten.

Haut spillen all d'lëtzebuerger Équipen em hier final Plaz an d'Bettenduerfer Senioren kennen mat enger Victoire géint d'Japaner an d'Finall anzéien.