D'FEDERATIOUN ÉIERT DE WELTCUP-GEWËNNER


16 November 2019

D'Lëtzebuerger Indiaca Federatioun huet vum 1. Spilldag vum Mixte-Championnat profitéiert, fir den Indiaca Bettenduerf ze éieren, deen am August de Weltcup an Estland an der Kategorie Senioren mixte gewonnen huet.

De Marco Aardoom, President vun der IFL, huet a senger Usproch awer och all deenen aneren Lëtzebuerger Equippe Merci gesot, déi un dësem Weltcup deelgeholl hunn. Et wier immens wichteg, dass de Lëtzebuerger Indiaca sech géif weider international beweisen.

D'Madame Pascale Hansen, Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, huet d'Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruecht, de Bettenduerfer Indiaca fir all seng Aarbecht am Verlaf vun de leschte Jore gelueft a versprach, dass am Kader vun der Sportleréierung an der Gemeng och den Indiaca net géif vergiess ginn.