D'GEMENG BETTENDUERF ËNNERSTËTZT D'WM FINANZIELL


25 June 2020

Ganz gutt Noriichten kommen dëser Deeg aus dem Gemengenhaus vu Bettenduerf, der Lëtzebuerger Haaptstad vum Indiaca, wou de Gemengerot viru kuerzem entscheet huet, d'Weltmeeschterschaft nächste Summer hei am Land mat engem Subside vun 2.500 Euro ze ënnerstëtzen.

Grad an der aktueller Zäit ass dat e flott Zeechen, dass Bettenduerf hannert dëser Organisatioun steet a se finanziell an doduerch och moralesch ënnerstëtzt. Dofir e grousse Merci!

Mir hoffen, dass aner Gemengen, an deenen och Indiaca gespillt gëtt, nozéien. ;)

#wm2021 #indiaca