Éischt Informatioune zum Junior Worldcup


09 March 2020

Gëschter ass vu der Internationaler Indiaca Associatioun (IIA) offiziell bestätegt ginn, datt dëst Joer vum 28. bis 31. Juli den Open Junior Worldcup zu Däniken an der Schwäiz statt fënnt. Dobäi sinn dann déi éischt Informatioune komm, den 29. an 30. Juli ginn d'Virronne mat den Halleffinalle gespillt an den 31. Juli sinn d'Finallen.

information and preliminary program ojwc 2020.pdf