FOX DRINKS ENNERSTËTZT DE LËTZEBUERGER INDIACA


25 June 2019

D'Lëtzebuerger Indiaca Federatioun (IFL) ass frou, dass si mat FOX DRINKS de perfekte Partner fir d'Finalle vun der Coupe de Lëtzebuerg fonnt huet. FOX DRINKS huet verschidden Zorte Béier a Schampes an der Offer, déi sech all duerch wéineg Kalorien auszeechnen. Ideal fir all Sportler also.
FOX DRINKS wäert all Equipp, déi e Samsdeg an enger Finall steet, nom Match entspriechend belounen. Hinnen dofir e grousse Merci!
Natirlech kritt dir d'Produiten vu FOX DRINKS e Samsdeg och an der Buvette vun den Jumpers Alzéng ze kafen an ze schmaachen.
Bis e Samsdeg an der Sportshal um Houwald!