Indiaca Kolmer-Bierg an Indiaca Nethoppers Useldeng gewanne Spill em Plaz 3


17 May 2019

De Mëttwoch Owend sinn d'Mätscher fir déi drëtt Plaz zu Ettelbréck an Useldeng gespillt ginn. An der Kategorie Mixte huet déi éischt Equipe vum Indiaca Nordstad sech missen 3-0 an de Sätz géint den Indiaca Kolmer-Bierg geschloe ginn. Am zweete Mätsch vum Owend sinn d'Damme vum Indiaca Useldeng a vum Indiaca Klierf openee getraff. Hei konnt sech Useldeng mat 3-0 déi drëtt Plaz vun der Coupe de Luxembourg 2019 sécheren.

Gratulatioun un béid Equippen.

Déi drëtt Plaz gëtt bei den Hären tëschent dem Indiaca Kolmer-Bierg an dem Indiaca Nordstad ausgespillt. Dëse Match gëtt den 23. Mee um 19:45 Auer zu Kolmer gespillt.