Indiaca Kolmer-Bierg sechert sech och bei den Hären déi drëtt Plaz


04 June 2019

Wéi schon an der Mixte huet de Match fir déi drëtt Plaz, vun der Coupe de Luxembourg, Kolmer géint Nordstad geheescht. Den 23. Mee ass deen dunn zu Kolmer-Bierg gespillt ginn, wou d’Heemequipe sech no engem spannende Match schlussendlech mat 3-0 an de Sätz duerchsetze konnt. Allerdéngs ass all Satz iwwert seng voll Distanz gaangen, déi den Indiaca Kolmer-Bierg mat 25-23, 27-25 a 25-23 fir sech entscheede konnt.

D’Finalle ginn dann den 29. Juni um Howald gespillt, wou den Indiaca Nordstad no hirer Defaite nach zwee Mol (Dammen a Mixte) d’Chance huet Gold ze huelen.