MATDEELUNG FIR D'BENEVOLLER


03 June 2022

Den Organisatiounscomité wäert sech spéitstens an 10 Deeg bei jidderengem gemellt hunn, dee sech als Benevollen uginn huet.

Well nach ëmmer Gespréicher lafe mam internationale Verband wéinst den Ufanks- a Schlusszäite steet nach net alles fest. Dat soll awer an den nächsten Deeg gekläert ginn.

Dann ass et och d'Matdeelung, dass mer aktuell genuch Benevoller hunn. Allerdéngs hu verschidde Beräicher e vill méi groussen Zousproch wéi anerer; och do wäerte mir mat dem engem oder anere Récksprooch huelen, wéi mir do am beschte virgoe kënnen.

Bei weidere Froen: wm2021-oc@indiaca.lu

Merci fir Är Gedold!