Neien Datum fir d'Weltmeeschterschaft an d'Coque


06 August 2021

Nodeems d'Weltmeeschterschaft dëst Joer Covid bedëngt huet missen annuléiert gin, ass haut offiziell d'Konfirmatioun komm dat mir, wann d'Situatioun dat nächst Joer erlaabt, dësen internationalen Event wéi ursprünglech virgesinn an d'Coque Kirchbierg organiséieren kënnen vun Dënsdeg 2. August 2022 bis Samsdeg 6. August.

Mir wärten iech an denen nächste Méint regelmässeg informéieren iwwert den aktuellen Stand vun der Organisatioun.