Organisatiounsvertrag WM 2021 ënnerschriwwen


08 June 2019



Am Präsenz vun Karheinz Bührer, President International Indiaca Association, ass um Kiirchbierg den Organisatiounsvertrag fir d'Weltmeesterschaft 2021 ënnerschriwwen gin mat der Indiaca Federatioun Lëtzebuerg.

Christian Jung, Generaldirektor vun der Coque, war bei der Vertrags-Zeremonie dobai an huet e puer Wuert un déi verschidden Responsabelen adresséiert.

Zu dëser Gelegenheet ass och den offizielle Logo publik gemaach vun dëser Veranstaltung.