OUVERTURESFEIER AM PARK UM KIERCHBIERG


10 April 2022

D'Weltmeeschterschaft am Indiaca gëtt en Dënschdeg, 2. August, am fréihen Owend am Amphitheater vum Park um Kierchbierg ënnert dem Motto "Let's have a party" geféiert.
Ee vun den Héichpunkte wäert sécherlech den Amarsch vun de verschiddenen Delegatiounen am Amphitheater sinn. En anere Point fort zum Ofschloss vun der Zeremonie, déi ronn 1 Stonn dauert, ass déi symbolesch Ouverture vun der WM. Loosst Iech do iwwerraschen!
Encadréiert gëtt d'Evenement vu Künstler aus Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich.
Et sinn och eng ronn 150 Plaze fir Zuschauer ob de Gradins disponibel. Den Entrée ass selbstverständlech gratis.
Mir freeën eis schonn drop - an Dir?