PARTNER FIR D'WELTMEESCHTERSCHAFT GESICHT

Foto vun Pixabay



22 February 2020

Léiw Frënn vum Lëtzebuerger Indiaca,

A knapp 18 Méint ass fir d'zweete Kéier d'Weltmeeschterschaft am Indiaca zu Lëtzebuerg. Gespillt gëtt vum 3. bis 7. August am nationale Sportzentrum Coque um Kirchbierg.

Well mir den auslännesch Gäscht wëllen dat schéinstméiglech Event präsentéieren, si mir ob Partner ugewisen, déi eis finanziell ënnerstëtzen. Dofir huet den Organisatiounscomité den een oder aneren Package ausgeschafft.

Wann dir elo ee kennt, deen interesséiert ass, eis ze ënnerstëtzen, oder mengt een ze kennen, da géife mir eis iwwert eng Mail op wm2021-oc [at]indiaca.lu freeën.

Hei kritt dir och all weider Informatioun.

Elo schonn e grousse Merci!