Spillbetrieb gëtt bis den 29. Mäerz agestallt

Spillbetrieb gëtt bis den 29. Mäerz agestallt

Wéinst der aktueller Entwécklung vum COVID-19 wäerten all d'Matcher bis op Weideres ofgesot ginn. Dat betrëfft d'Halleffinalle vu der Coupe souwéi d'Spilldeeg vum Championnat, déi bis zum 29. Mäerz geplangt ware, d.h.:

Coupe:
 18.03 Indiaca Nethoppers Useldeng - Indiaca Bettenduerf (Häeren)
 18.03 Indiaca Nordstad - Indiaca Nethoppers Useldeng (Damme)

Championnat:
 28.03 Häeren-Championnat

wäerten net gespillt ginn.

Wéini datt déi ausgefale Matcher nogeholl ginn, ass nach net decidéiert.
An den nächsten Deeg wäert matgedeelt ginn, wéi et nom 29. Mäerz weider goe wäert.