En groussen Succès krut des jonk Sportaart Ufank den 70er Joeren, wou den Daachverband vum Däitschen Sport, den DSB Indiaca zweemol als “Spill vum Joer” ausgezeechent huet. Duerno hunn sech déi éischt Veräiner ausserhalb vun der kierchlecher Jugendaarbecht fir dësen Sport begeeschtert.
Den Indiaca ass iwweregens och haut nach deelweis aus engem Naturproduit, dat heescht d’Fiederen ginn vun engem Schnuddelhonghaff aus den USA importéiert.
Nierft den nationalen Beräich an Däitschland huet sech den Karlhans Krohn awer och vun Ufank un em international Kontakter gekëmmert. Schon beim däitschen Turnfest 1987 zu Berlin konnten Spiller aus Lëtzebuerg begréisst ginn. Kuerz duerno sinn och Kontakter an der Schwäiz an Japan entstanen.

Den 26. Mee 2000 gouf zu Berlin d’International Indiaca Assocation (IIA) gegrënnt. Am August 2001 gouf zu Tartu an Estland déi éischt Weltmeeschterschaft organiséiert, an een Joer duerno zu Karlsruhe an Däitschland den éischten Worldcup. Lëtzebuerg huet 2008 eng éischte Kéier d'Weltmeeschaft organiséiert a wäert dat 2021 eng zweete Kéier maachen.