[VIDEO] KOMM A SPILL INDIACA

18 September 2019

D'Lëtzebuerger Indiaca Federatioun huet an Zesummenaarbecht mat Apart TV dëse kléngen Trailer produzéiert (et gëtt och eng englesch Versioun) fir de Léit ze weisen, wat iwwerhaapt Indiaca ass. An der Lëtzebuerger Versioun gëtt de Schwéierpunkt op den Indiaca zu Lëtzebuerg geluecht, an der englescher (déi mer an e puer Deeg och hei publizéiere wäerten) op d'WM 2021. Dëse Video ka gäre vu jidderengem benotzt ginn, dee well den Indiaca méi populär maachen.